Toggle sidebar
Toutes les nouvelles
15 nouvelles par page
News > Events
SPUERKEESS Journée Nationale DU BASKET 2019
29/01/19 11.28
SPUERKEESS Journée Nationale DU BASKET 2019

Déi traditionell Journée Nationale du Basket fënnt dëst Joer den 24. Februar 2019zu Diddelengam Centre Sportif Hartmannstatt.

Well den 3x3 ëmmer méi ee grousse Stellewäert international an och an der Entwécklung vun de jonken Talenter kritt, organiséiert d’FLBB zesummen mam T71 Diddeleng, dëst Joer een 3x3 Turnéier fir Kategorien Poussines/Poussins a Fillettes/Minis.

Niewent de Matcher, kënnen Kanner de ganzen Dag iwwer bei deenen verschiddenen Skill Drill Tests hiert Kennen ënner Beweis stellen.

Weider Detailer an d’Aschreiwungsformular fann Dir an der Annexe.

Mellt är Equipe bis spéitstens den 12. Februar 2019

News > Commission des arbitres
Convocation 18/19 - N° 21
25/01/19 09.59
Convocation 18/19 - N° 21
Programme pour la période du lundi 28 janvier 2019 au vendredi 8 février 2019
News > U16 Garçons - European Youth Basketball League
EYBL Stage 2 Czluchów, Polen - Day 3
21/01/19 09.01
EYBL Stage 2 Czluchów, Polen - Day 3

Game 5

Lëtzebuerg CFBB U16M - BA Tallinn Kalev 63 – 49

(24-10, 12-12, 20-7, 7-20)

 

Am läschten Match vum 2ten Stage vun der EYBL zu Czluchów, hun mir missen fréih Moies um 8h00 Auer géint d'Equipe aus Tallinn (Estland) untrieden.

D'Jongen hun de Match ganz serieux geholl, an hun sech beschtméiglech dorop virbereed. Schliesslech konnten déi Roud Léiwen sëch mat enger Victoire déi éischt Plaatz op dësem Stage sëcheren.

Mat honnert à l'heure hun eis Spiller dësen entscheedenden Match ugefangen, an waren dank enger agressiver Defense an enger gudder Réussite bei hieren Distanzwörf séier mat 9-2 fir. Well d'Intensitéit weider héich gehalen gouf, as den Score bis um Enn vum Véirel op 24-10 geklommen, a konnt am Laaf vum Match suguer bis op eng Differenz vun 28 Punkten klammen.

Alleguer d'Spiller konnten um Terrain zu dëser flotter Victoire baidroen.

De Coaching Staff as am Groussen a Ganzen zefridden mam Optrieden an der Leeschtung vun hierer Equipe. Et konnten vill wichtëg an wertvoll Erfahrungen gesammelt gin, déi eis hoffentlech op eisem weideren Wee an Richtung Europameeschterschaft am Summer ee Schrëtt weider sollten bréngen.

Den nächsten Stage as vum 21.03. - 24.03.2019 zu Riga.

 

Fir Lëtzebuerg hun gespillt:

#4 Pit HANSEN 1, #5 Lenny JONSSON THORSTEINSSON 2, #6 Max LOGELIN 18 (3 Dreier), #8 Jhang MOSSONG 0, #9 Ben URWALD 3 (1 Dreier), #10 Sam STREEF 2, #11 Pietro Nicola BAUSTERT 7, #12 Nicolas TOUSSAINT 2, #13 Damien THILL 12 (2 Dreier), #16 Alain JACOBS 0, #17 Ivor KURESEVIC 14, #18 Matteo LORUSSO 2

News > U16 Garçons - European Youth Basketball League
EYBL Stage 2 Czluchów, Polen - Day 2
21/01/19 08.52

Game 3

UKS 7 TREFL SOPOT - Lëtzebuerg CFBB U16M 50 – 52

(12-12, 10-15, 15-11, 13-14)

 

Um drëtten Match vum 2ten Stage vun der EYBL zu Czluchów an Polen, hun mir missen géint eng weider Equipe aus Polen untrieden. 

D'Spiller aus SOPOT haten genau wéi mir zu dem Zaitpunkt hier 2 éischt Matcher gewonnen. 

Genau sou equilibréiert an hart emkämpft war dann och dëse Match.

An der Halschënt waren ons roud Léiwen 5 Punkten fir, an sin dun direkt am drëtten Véirel op 10 Punkten fortgezunn.

De Géigner aus Polen huet an der Défense op eng 3-2 Zone ëmgestallt, mat där d'Spiller aus Lëtzebuerg ufanks hier Schwiergkeeten haten.

Beim Stand vun 39-38 war d'Equipe aus SOPOT rëm fir. De Match war bis zum Schluss equilibréiert an beim Score vun 50-48 fir SOPOT bloufen nach 28 Sekonnen ze spillen. 

Eis Jongen konnten bei 50-50 baizéien, an hun et och färdeg bruecht de Géigner am nächsten Spillzuch ze stoppen, sou dass hinnen 9 Sekonnen bliwen sin, fir den Match fir sech ze entscheeden.

No Engem Time Out hun ons Spiller sech mat engem Pick&Roll perfekt frai gespillt, an konnten no engem Lay Up mat 2 Punkten a Véierung goen. 

Den Time Out vum Géigner huet hinnen naicht méi bruecht, well d'Equipe aus Lëtzebuerg gudd an clever an der Defense den Match mat engem Stop fir sech entscheed huet.

 

Fir Lëtzebuerg hun gespillt:

#4 Pit HANSEN 6 (2 Dreier), #5 Lenny JONSSON THORSTEINSSON 0, #6 Max LOGELIN 24 (4), #8 Jhang MOSSONG 0, #9 Ben URWALD 0, #10 Sam STREEF 0, #11 Pietro Nicola BAUSTERT 2, #12 Nicolas TOUSSAINT 6, #13 Damien THILL 10, #16 Alain JACOBS (DNP), #17 Ivor KURESEVIC 4, #18 Matteo LORUSSO 0

 

 

Game 4

Lëtzebuerg CFBB U16M - ENERGA MJMS 71 – 53

(17-17, 27-13, 11-15, 16-8)

 

Am véierten Match vum 2ten Stage vun der EYBL zu Czluchów, goung et géint ENERGA MJMS aus Polen. 

Obwuel de Coaching Staff net averstan war mat der Intensitéit mat där den Match ugangen gouf, hun d'Jongen aus Lëtzebuerg am 2ten Véirel dun den Grondsteen fir eng véiert Victoire geluecht.

De Spiller war och unzemierken, dass déi Matcher firdrun un d'Substanz gang sin, an vill Kräften kascht hun.

All Spiller huet seng Chance um Terrain krit, an konnt zu dëser Victoire baidroen.

Wann d'Roud Léiwen muer de Moien fréih um 8h00 Auer an hierem läschten Match vum Stage hier Farwen nach emol gudd wëllen vertrieden, dann mussen sie géint eng stark Equipe aus Estland, vun Ufank un konzentréiert an engagéiert als Equipe optrieden.

 

Fir Lëtzebuerg hun gespillt:

#4 Pit HANSEN 2, #5 Lenny JONSSON THORSTEINSSON 3, #6 Max LOGELIN 7, #8 Jhang MOSSONG 6, #9 Ben URWALD 8 (2 Dreier), #10 Sam STREEF 13, #11 Pietro Nicola BAUSTERT 12, #12 Nicolas TOUSSAINT 8, #13 Damien THILL 2, #16 Alain JACOBS 2, #17 Ivor KURESEVIC 8, #18 Matteo LORUSSO 0

News > U16 Garçons - European Youth Basketball League
EYBL Stage 2 Czluchów, Polen - Day 1
19/01/19 12.49
EYBL Stage 2 Czluchów, Polen - Day 1

Game 1: 

OSSM PZKosz - Lëtzebuerg CFBB U16M

39 - 74 (19-18, 6-18, 7-19, 7-19)

Um éischten Match vum 2ten Stage vun der EYBL zu Czluchów an Polen, hun eis Jongen vun der U16M, géint d'Equipe vun OSSM PZKosz gespillt.

Dëst as eng vun 4 polnëschen Equipen géint déi mir an dësem Stage mussen untrieden.

Et huet ee ganzen Véirel gedauert bis d'Spiller op hierem Stage ukomm sin. 

Nom éischten Véirel stung et 19-18 fir den Géigner.

Am zweeten Véirel hun sech d'Lëtzebuerger Léiwen op hier Stärken besonn, an sin defensiv vill méi aggressiv opgetrueden.

Doduerch konnten mir vill Fast Breaks mat einfachen Punkten ofschléissen.

An der Halschent stung et dun 25-36 zu onsen Gonschten.

No der Paus konnten Spiller den Tempo héisch haalen, an hier Leeschtung aus dem 2ten Véirel bestätegen. Ervirzehiewen as besonnëg eng variabel Défense déi de Géigner ëmmer nees zu Ballverloschter gezwongen huet.

Aus dem Grond konnt den Ecart permanent klammen. 

All Spiller konnt sech weisen, Punkten schéissen, an zu dëser flotter Victoire baidroen.

 

Fir Lëtzebuerg hun gespillt:

#4 Pit HANSEN 10 (2 Dreier), #5 Lenny JONSSON THORSTEINSSON 4, #6 Max LOGELIN 11 (3), #8 Jhang MOSSONG 3, #9 Ben URWALD 1, #10 Sam STREEF 11, #11 Pietro Nicola BAUSTERT 2, #12 Nicolas TOUSSAINT 6, #13 Damien THILL 12, #16 Alain JACOBS 4, #17 Ivor KURESEVIC 8, #18 Matteo LORUSSO 2

 

 

Game 2: 

Lëtzebuerg CFBB U16M - TBV Start Lublin

68 - 65 (17-14, 18-16, 18-10, 15-25)

Um zweete Match vum 2ten Stage vun der EYBL zu Czluchów an Polen, hun mir missen géint eng grouss gewuessen Equipe vun Lublin spillen.

No engem holperëschen Start waren eis Jongen mat 2-5 hannen, är sie dann mat engem 9-0 Laaf geäntwert hun. Sou konnt een den éischten Véirel knapp mat 3 Punkten fir sech entscheeden.

An engem ausgeglachenen 2ten Véirel, wou sech déi zwee Teams naicht geschenkt hun, konnten d'Lëtzebuerger Léiwen den Virsprong op 5 Punkten ausbauen.

Den 3ten Véirel war den beschten fir d'Equipe aus Lëtzebuerg. De Ball gouf sëcher an schnell um Terrain bewegt, an d'Spiller aus dem Groussherzogtum hun mat kollektivem an attraktivem Team-Basket iwerzegt. 

Wen lo gemengt hat den Match wier entscheed, den hat d'Rechnung ouni den starke Géigner gemach.

No e puer iwerflëssegen Turnovers hun mir déi géignerech Equipe rëm zréck an de Match komme geloss.

Vun hei un gouf et ee richtëgen Basketkrimi, den bis zum Schlusspëff spannend war.

No 2 Time-Outs an beim Stand vun 65-65 hun d'lëtzebuerger Spiller d'Nerven behal, an den Match fir sech entscheed. Den Zesummenhalt vun der Equipe an déi positiv Energie suwuel op der Bänk, wéi och um Terrain, waren d'Garanten fir dës Victoire.

Ofschléissend kann een soen, dass sou Matcher enorm wichtëg sin fir d'Entwécklung vun onsen Spiller.

 

Fir Lëtzebuerg hun gespillt:

#4 Pit HANSEN 5 (1 Dreier), #5 Lenny JONSSON THORSTEINSSON 2, #6 Max LOGELIN 11 (1), #8 Jhang MOSSONG (DNP), #9 Ben URWALD (DNP), #10 Sam STREEF 2, #11 Pietro Nicola BAUSTERT 6, #12 Nicolas TOUSSAINT 8, #13 Damien THILL 18 (1), #16 Alain JACOBS 0, #17 Ivor KURESEVIC 14, #18 Matteo LORUSSO 2

News > Events
An diesem Samstag findet das dritte und letzte Regional Camp statt
18/01/19 13.18
An diesem Samstag findet das dritte und letzte Regional Camp statt

 

Am letzten Samstag haben rund 75 Kinder am zweiten Regional Camp in Larochette mit Begeisterung teilgenommen. Nach zwei erfolgreichen Camps findet an diesem Samstag, dem 19. Januar das Regional Camp für die Vereine im Zentrum statt. Für das Camp in Oberanven haben sich rund 90 Kinder eingeschrieben.

 

 

 

Adresse der Halle

Centre Sportif “Am Sand“

Rue de Senningen

L-6999 Niederanven

 

Ablauf des Camps

• 09:30 -09:55          Check in players

• 09:55 -  10:00        Welcome words to the kids & Picture

• 10:00 – 10:15         Warm–up

• 10:15 – 11:30         Stations

• 11:30 – 11:55         Games

• 11:55 – 12:00         Cool down / Stretching

• 12:00                      End

News > Commission des arbitres
Convocation 18/19 - N° 20
18/01/19 09.17
Convocation 18/19 - N° 20
Programme pour la période du lundi 21 janvier 2019 au vendredi 1 février 2019
News > U16 Garçons - European Youth Basketball League
EYBL U16 MEN STAGE 2
17/01/19 11.38
EYBL U16 MEN STAGE 2
Die U16 Jungen bestreiten vom 17. Januar bis zum 20. Januar 2019 ihr zweites Turnier der „European Youth Basketball League“ in Czluchow, Polen.

Seit dem ersten Stage in Riga haben die Spieler der U16M weiter an sich und ihrem Spiel gearbeitet.
Jede Woche wurden in den Trainingseinheiten sowohl individuelle, athletische als auch mannschaftstaktische Schwerpunkte gesetzt, welche den jungen Spielern in ihrer Entwicklung als Basketballspieler helfen sollen.
In der Vorbereitung wurden erneut 2 Trainingsspiele gegen ältere Mannschaften absolviert.
Außerdem fanden sich die Spieler im jährlichen Stage in Hosingen für einige Tage zusammen.

Als oberste Prämisse gilt es weiterhin die anstehenden European Youth League Spiele als Vorbereitung auf die Europameisterschaft im Sommer zu nutzen, und sich mit den starken Vereinsmannschaften zu messen.
In 3 Tagen werden 5 kürzere Spiele (4x8min) gegen ausländische Teams gespielt. 

Ziel der Mannschaft ist es auch gegen stärkere Gegner mutig aufzuspielen und sich von Spiel zu Spiel zu steigern. Um dies zu erreichen, müssen die roten Löwen über das gesamte Spiel aggressiv verteidigen, und im Angriff sowohl geschlossen als Mannschaft aufspielen, als auch allesamt bereit sein individuell Verantwortung zu übernehmen.

Der Coaching-Staff hofft auf den nächsten Schritt in der Entwicklung und wünscht sich, dass die junge luxemburgische Mannschaft ihre Grenzen erweitern kann.

 

Programm 
Freitag, 18. Januar 2019
13:00 OSSM Czluchow - CFBB Luxembourg
17:00 CFBB Luxembourg – TBV Start Lublin
Samstag, 

19. Januar 2019
9:00 UKS 7 Trell Sopot - CFBB Luxembourg

15:40 CFBB Luxembourg – Energa MJMS


Sonntag, 20. Januar 2019
10:20 CFBB Luxembourg – Tallinn Kalev


 

KADER
BAUSTERT Pietro Nicola, Amicale Steinsel 
HANSEN Pit, Résidence Walferdange
JACOBS Alain, Résidence Walferdange
JONSSON THORSTEINSSON Lenny, Amicale Steinsel
KURESEVIC Ivor, Amicale Steinsel
LOGELIN Max, Sparta Bertrange
LORUSSO Matteo, Amicale Steinsel
MOSSONG Jhang, Amicale Steinsel
STREEF Sam, Musel Pikes
THILL Damien, Basket Esch
TOUSSAINT Nicolas, Sparta Bertrange
URWALD Ben, Résidence Walferdange

Christian WULFF, Head Coach

Chris NITTLER, Assistant Coach

 

News > U16 Filles
Die U16 Mädchen reisen zum 2. Turnier der EGBL
17/01/19 11.09
Die U16 Mädchen reisen zum 2. Turnier der EGBL

Vom 17. bis zum 20. Januar reisen die luxemburgischen U16 Mädchen nach Koscie, Slowakei zum 2. Turnier der European Girls Basketball League.

Die Mannschaft von Rumen Galabov hat über die letzten Wochen hart an sich gearbeitet, der Schwerpunkt des Trainings wurde auf das Kolletivspiel gelegt, da die Mannschaft noch nicht so oft zusammen auf dem Platz stand. Individuell sind die Mädchen auch stärker geworden. 

Wie bereits im ersten Turnier gilt es, wertvolle internationale Erfahrungen zu sammeln und das Niveau zu steigern. Die Mannschaft und der Trainerstab freuen sich auf die Herausforderung und werden ihr Bestes geben.

Das Ziel ist es, ein gutes Turnier zu spielen und ein besseres Ergebniss zu erzielen als beim ersten Turnier. 

 

 

Spielplan

Freitag, 18 Januar 2019

09h00   CFBB Luxembourg - RGUOR Minsk

15h00   BC Kolibri - CFBB Luxembourg

Samstag, 19 Januar 2019

12h00   HBA PHYK Cadets - CFBB Luxembourg

19h30   CFBB Luxembourg - U15 KARTA

Sonntag, 20 Januar 2019

10h30   CFBB Luxembourg - SBS Ostrava U16

 

Kader

BRAUN Zoé, AB Contern

COLBACH Lea, US Hiefenech

HEILBRONN Noé, T71 Diddeleng

SCHREIBER Anna, Amicale Steesel

ROLLMANN Lore, Gréngewald Hueschtert

ROLLMANN Liz, Gréngewald Hueschtert

STOFFEL Marie, Amicale Steesel

WHITEMAN Chloé, Amicale Steesel

FONSECA CRACEL Bruna Filipa, Basket Esch

COULON Kyra, Basket Esch

SCHMITZ Sara, Gréngewald Hueschtert

SCHUMACHER Laetitia, AB Contern

Coaching Staff

Heach Coach: Rumen GALABOV

Assistant Coach: Martine BAUM

News > Events
Das zweite Regional Camp in Larochette
11/01/19 13.10
Das zweite Regional Camp in Larochette

 

Nach einem erfolgreichen ersten Regional Camp in Esch findet das zweite Regional Camp an diesem Samstag, dem 12. Januar in Larochette für die nördlichen Vereine statt.

Für das Camp haben sich rund 75 Kinder eingeschrieben.

 

 

 

Adresse

Hall Sportif Centre Filano

98 rue de Mersch

L-7620 Larochette

 

Ablauf des Camps

• 09:30 -09:55          Check in players

• 09:55 -  10:00        Welcome words to the kids & Picture

• 10:00 – 10:15         Warm–up

• 10:15 – 11:30         Stations

• 11:30 – 11:55         Games

• 11:55 – 12:00         Cool down / Stretching

• 12:00                      End

News > Commission des arbitres
Convocation 18/19 - N° 19
11/01/19 10.24
Convocation 18/19 - N° 19
Programme pour la période du lundi 7 janvier 2019 au vendredi 18 janvier 2019
News > Events
Coupes FLBB - Loterie Nationale Coupe de Luxembourg - Lalux Ladies Cup
09/01/19 10.28
Coupes FLBB - Loterie Nationale Coupe de Luxembourg - Lalux Ladies Cup
  • Vendredi 1 février 2019:

19h00 Coupe FLBB 2019 Dames

21h00 Coupe FLBB 2019 Hommes

Prix d'entrée unique: 7€ Doors: 18h00

 

  • Samedi 2 février 2019:

17h45 Demi-finale LALUX Ladies Cup 2019: Sparta Bertrange - Gréngewald Hueschtert

20h15 Demi-finale LOTERIE NATIONALE Coupe de Luxembourg 2019:

Sparta Bertrange - Amicale Steinsel

Place assise: 15€

Place debout: 10 €

< 16 ans: entrée gratuite (place debout)

Doors: 16h45

 

  • Dimanche 3 février 2019:

15h00 Demi-finale LALUX Ladies Cup 2019:

Les Sangliers Wooltz - Amicale Steinsel

17h30 Demi-finale LOTERIE NATIONALE Coupe de Luxembourg 2019:

US Heffingen (+10) - Etzella Ettelbruck

Place assise: 15€

Place debout:: 10€

< 16 ans: entrée gratuite (place debout)

Doors: 14h00

 

Tickets d'entrée - Points de prévente:

- auprès des clubs concernés

- Site Coque.lu

- Réception Coque

- Caisse du jour dans la limite des places disponibles

 

Transports publics gratuits:

Une collaboration entre la Coque et le « Verkéiersverbond » permet désormais aux spectateurs de se rendre gratuitement à la Coque avec les transports publics en présentant leur billet d’entrée (acheté en prévente) de la manifestation. Partant, tout spectateur peut avoir recours à un système de « Park & Ride » personnalisé en utilisant soit les grands parkings aux alentours du Kirchberg soit ceux de la Ville de Luxembourg.

Parking Place de l’Europe : Tarif unique par manifestation : 3.00€

Horaires du parking avec tarif unique :

• le samedi 02/02/2019 de 16h00 à 23h30

• le dimanche 03/02/2019 de 13h00 à 21h00

Attention : L’utilisation du parking « Place de l’Europe » en dehors des heures ci-dessus sera facturé en supplément au tarif en vigueur.

L’utilisation du Tram est gratuite le jour même pour les détenteurs d’un ticket d’entrée pour les Demi-finales

 

Cher amis de la presse sportive: cliquez ici pour demande d'accréditation

News > Commission technique
Calendrier 2018-2019
08/01/19 09.18
News > Divers
Trainerformatioun 2019: Kids Coach
29/01/19 19.23
Trainerformatioun 2019: Kids Coach

Kids Coach

FLBB organiséiert och 2019 eng Formatioun fir Kids Coach. Ënnert folgendem Link fannt Dir den Programm an all Informatiounen fir Umeldung.

 

News > Divers
Trainerformatioun 2019: C- Lizenz
04/01/19 18.15
Trainerformatioun 2019: C- Lizenz

C-Schäin

FLBB organiséiert och 2019 hir C Formatioun. Ënnert folgendem Link fannt Dir den Programm an all Informatiounen fir Umeldung.