An diesem Wochenende finden zum ersten Mal die 3x3 Regional Turniere in der Alterskategorie Prépoussins statt.
10. Juni 3x3 Regional Turnier Norden – Black Frogs Schieren
9. und 10. Juni 3x3 Regional Turnier Zentrum – BBC Gréngewald Hueschtert
10. Juni 3x3 Regional Turnier Süden – Basket T71 Diddeleng
Diese Organisation ist eine Initiative der Vereine, in Zusammenarbeit mit der FLBB. Das Ziel ist, einerseits das 3x3, was 2020 in Tokyo zum ersten Mal bei Olympia auf dem Programm steht, weiter in Luxemburg auszubauen und anderseits die Entwicklung unserer jungen Talente weiter nach vorne zu bringen.
Wir laden Euch alle ein, die Nachwuchsspieler in den verschiedenen Sportshallen unterstützen zu kommen.
Luxembourg vs Portugal
Thursday 28 June 2018 - 20h30, Gymnase/Coque
Doors 19h00
Leschten Weekend war et schonns déi 25. Editioun vum MINI EUROPE, den internationalen U14 Turnéier vum Basket Esch.
2017 gouf dësen Turnéier zum Jugendturnéier vum Joer vun der FIBA gewielt.
Den FIBA "Executive Director" Kamil Novak huet den Sonnden Basket Esch dësen Präis iwwerreecht, sech Matcher ugekuckt an un der Präisiwwerreechung deelgeholl. En groussen Bravo un den Basket Esch fir Organisatioun vun sou engem flotten an erfollegräichen Turnéier.
Dëst Joer fënnt déi 4ten Editioun vun den 3x3 Luxembourg Championships den 7. Juli op de Place de l’Académie zu Esch/Belval statt.
Wei och déi lescht 3 Joer gëtt de Landesmeeschter am 3x3 an den ënnerschiddlechen Kategorien gesicht.
Bei den Umeldungen ënner 18 Joer, kënnen d’Ënnerschrëften och op der Platz nogereecht gin.
Motivéiert a Loscht op e flotte Basketball Dag? Umeldungen ginn bis spéitstens den 30. Juni 2018 ugeholl. Informatiounen iwwer d’Alterskategorien a weider Detailer fannt Dir um Umeldungsformular.
Zesummen mat der FIBA an an Kooperatioun mam BBC Gréngewald Hueschtert organiséiert FLBB eng international Coaching Clinic. Reservéiert Iech schonns den Datum: 7. & 8. Juli 2018. All weider Informatiounen iwwert Coachen, Umeldung an detailléierten Oflaf ginn Iech deemnächst matgedeelt.
Le conseil d’administration informe que Monsieur Jeff Steinmetz ne fait plus partie du personnel administratif de la FLBB à partir du 1er mai 2018.
Madame Marianne Hetting assurera l’intérim jusqu’à l’embauche d’un(e) employé(e) répondant aux critères de l’annonce ci-dessous.
De Moien hutt den traditionelle F.L.B.B. Turnéier an der Coque am Gymnase statt fonnt. Een Dag, wou de Basket grouss geschriwwe gëtt an déi jonk talentéiert Spillerinnen a Spiller gefuerdert ginn.
D'Meedercher stounge Moies um Programm a Mëttes war et dunn un de Jongen, pro Turnéier gouf et 4 Equippen déi jeeweils 3 Matcher gespillt hunn.
No engem erfollegräichen Dag, wou d'Kanner sech gutt ameséiert hunn trotz der haarder Ustrengung.
Dënschdeg, den 1. Mee fënnt den traditionellen FLBB Turnéier am Gymnase vun der Coque statt. Den Turnéier ass eng Fortsetzung vum FLBB Camp. Den Coaching Stuff huet wärend dem Camp no talentéierten Spillerinnen a Spiller gesicht. Doropshin goufen jeeweils 4 Ekippen bei den Meedercher an Jongen forméiert, déi de Dënschdeg géinteneen untrieden. Fir déi 4 Ekippen ze komplettéieren hun mir nach Spillerinnen a Spiller vun den Regional Camps agelueden.
Ënnert dem Link fannt Dir de Programm an all weider Detailer.
Dësen Turnéier ass eng Initiative aus der Aarbechtsgrupp mat den Veräiner iwwert Jugend. Fir engersäits den 3x3 ze förderen an anerersäits d’Entwécklung vun eisen jonken Talenter weiderzebréngen, organiséieren dräi Veräiner den Weekend vum 9. an 10. Juni een regionalen 3x3 Turnéier:
Süden – Basket T71 Diddeleng
Norden – Black Frogs Schieren
Zentrum – BBC Gréngewald Hueschtert
All weider Details souwéi d'Opdeelung vun den Veräiner fannt Dir ënnert folgendem Link.