Toggle sidebar
Toutes les nouvelles
15 nouvelles par page
News > Equipes nationales
Nouveau Headcoach Senior Hommes
25/05/05 22.37
A partir du premier juillet 2005, Kresimir Basic sera le nouveau Headcoach du cadre Seniors Hommes.

En plus il s’occupera des cadres U14 à U20.

Le contrat à une durée de 2 ans.
News > Divers
Transferten
25/05/05 19.28
Ee puer Prezisiounen zu den Transferten : A leschter Zait sin erem vill Demanden bei Responsabelen vun der FLBB erakomm, déi weisen, dass oft d’Reglementer wat d’Transferten ugeet, net gewosst oder verstane gin. Ech hun duerfier eng Lescht vu Froen an Äntwerten hei opgestallt, déi ee besse Kloerheet solle schaafen. 1. Kann ech méng Lizenz ofmellen, an dann d’nächst Joer bei engem aneren Klub eng nei Lizenz ufroen? Jo, da geet, mee du gess awer Transfert, wanns de des Saison gespillt hues. Dat hei as déi klassesch Fro, déi kennt, wann een probéiert een Transfert ze emgoen. Am Fong brengt et naischt seng Lizenz esou oofzemellen an dann de Klubb ze wiesselen, well een jo dann trotzdem ee Klub muss fannen, deen een Transfert ophuet. Doriwwer eraus muss een nach emmer an der Transfertszäit d’Transfertsformalitéiten anhalen (Préavis a Lettre de Transfert), fir dass deen ale Klub kann seng Obligatiounen déi een nach bei him huet kann afuerderen (Trainingskostüm, Memberskaart, etc.). Et kennt een also net laanscht den Transfert! Falls ee séng Lizenz awer wellt oofmellen, muss dat virum 31. Mee geschéien. An zwar matt Lettre recommendée an enger Kopi dovun un d’Sekrétariat vun der FLBB. Dat alles as Artikel RA 22.11 vun de Statuten a Reglementer vun der FLBB. 2. Ech sin säit engem Joer Transfert. Kann ech elo meng Lizenz oofmellen? Di hei Fro kennt emmer, wann et engem bei sengem neie Veräin net gefällt, an deen alen een net wellt eremhuelen. D’Äntwert as NEE! Ee Spiller kann seng Transfertslizenz net oofmellen. Doduerch dass en een Transfert gemaacht huet, huet en automatisch eng Lizenz fir zwee Joer bei deem neie Klubb ugefroot. Eng Transfertslizenz as ëmmer zwee Joer gülteg (Artikel RA 25.13.1). Dat heescht, och wann een no engem Joer bei säin ale Veräin zréckgeet, huet een nach fir dat Joer eng Transfertslizenz. Konsequenz: fir zréckzegoen muss deen ale Veräin nach een Transfert ophun!!! An dat erklärt virwat vill Veräiner hir al Spiller net wellen eremhuelen! Wann een net bei deem neie Veräin well bleiwen, bleiwen engem just di folgend Méiglechkeeten: a) Et get ee sech eens matt deem Klubb, an de Klubb mellt d’(Transferts-)Lizenz oof (dat geet!). Dann kann een sech ouni Transfertsmodalitéiten een neie Klubb sichen. Et kascht een näischt, MEE, vu dass ee gespillt huet, get een erem zwee Joer Transfert (also matt Transfertslizenz)! b) Et spillt een ee Joer net. Da kann een no engem Joer goen wou ee wellt (Transfertsformalitéiten mussen awer gemaach gin). Et kritt ee KENG Transfertslizenz, mee et kascht een awer, allerdings nemmen d’Halschent vum Transfertspräis. c) Et geet een ee Joer an d’Ausland spillen. Dat as wéi Punkt b). Mee opgepasst: kuckt d’Fro 3! 3. Kann ech an d’Ausland wiesselen? Wa jo, wéi geet dat? Wat fir eng Konsequenzen huet dat, wann ech erem kommen? An d’Ausland wiesselen kann een zu all Moment. Also anescht wéi bei den Transferten hei am Land as et méiglech wärend enger Saison an ee Klubb an d’Ausland ze wiesselen. De Klubb bei deen ee wellt higoen, muss bei sénger Fédératioun eng Lettre de sortie fir dee Spiller ufroen. Déi leed des Demande dann un d’FLBB virun. D’Sekrétariat vun der FLBB setzt sech dann mam alen lëtzebuerger Klubb a Verbindung a freet, ob alles an der Rei as (hei geet et rem em Obligatiounen: Vertrag – fir Profispiller -, soss Scholden – Memberkaart, Trainingskostüm, etc.). Wann dee Klubb säin Accord get, leed d’FLBB dat un déi nei Federatioun virun, bei där een dann lizenzéiert get. Wann ee wellt eremkommen, muss een awer oppassen. Soubal een an d’Ausland wiesselt, huet een hei keng Lizenz méi (dat as deen eenzege Fall, wou een séng Lizenz virum Enn vun der Saison – 30. Juni - kann oofmellen). Wann een dan hei eng Lizenz wellt, fällt een enner den Artikel RA 22.3 vun den Reglementer vun der FLBB. Dee seet, dass een am laaf vun 2 Joer no enger Annulatioun vun sénger Lizenz – Annulatioun déi net vum Spiller gemaach gouf – muss bei säin ale Klubb zréck. Dofir as et wichteg, dass een virun der Transfertszäit ermekennt! Een deen am Juli zréckkennt, an net méi fir säin ale Klubb wellt spillen, hat Pech a spillt entweder trotzdem, oder veléiert erem ee Joer. Fir dann alle Gerüchter entgéint ze trieden: bis virun 2 Joer as et gangen, wann een an enger Saison, kuerz, an d’Ausland gewieselt as, an dun, no een zwee Méint erem zréckkoum – awer an een anere Klubb. Et war ee Mol keen Transfert. Dat war ee Lach an eise Statuten a Reglementer. Dat as allerdings an den Reglementer geännert gin, sou dass dat elo net méi geet. Ech gin dat am Moment een, zwee Mol d’Woch gefroot! ;-) Dat sin ee puer vun dene Froen, déi mir bei der FLBB virun der Transfertszäit gestallt kréien. Wann dir nach wieder Informatiounen wellt hun, mellt iech op: info@flbb.lu. D’Sekrétariat leed déi Ufroen u mech virun. Mike Richartz Secrétaire général adjoint Responsabel fir d’Lizenzen D’Statuten an Reglementer stin iwwrigens hei : [Statuts et Règlements de la FLBB]
News > News Clubs
Musel Pikes (Dames) et T71 (Hommes) Champions Espoirs
14/05/05 17.52
Les équipes de Musel Pikes et T71 Dudelange sont champions des Espoirs. Lors du remake de la finale dames de cette saison, l'équipe espoires dames de Musel Pikes a gagné contre Contern par le score de 82:64.

L'équipe espoirs hommes du T71 Dudelange a eu plus du mal contre Etzella Ettelbruck. La dernière tentative réussie à 3 points a permis à Dudelange de remporter ce match capital par 74:71.
News > News Clubs
Musel Pikes - Champion Dames 2005
08/05/05 19.02
Musel Pikes - Champion Dames 2005
Résultat du troisième match: Musel Pikes - AB Contern 63 : 52
News > News Clubs
Sparta Bertrange Champion 2005
08/05/05 01.52
Sparta Bertrange Champion 2005
Résultat du troisième match: Etzella Ettelbruck - Sparta Bertrange 72 : 81
News > News Clubs
Deuxième match des finales Dames
05/05/05 19.18
Musel Pikes - AB Contern 63 : 60 Le troisième match sera joué à 17h00, dimanche 08 mai à Remich.
News > News Clubs
Deuxième match des finales Hommes
05/05/05 02.16
Deuxième match des finales Hommes
Etzella Ettelbruck - Sparta Bertrange 59 : 48 Le troisième match sera joué à 20h00, samedi 07 mai à Ettelbruck.
News > Equipes nationales
3 Nationen Turnier in Dublin
03/05/05 20.06
3 Nationen Turnier in Dublin
Turniersieg der U16 Jungen in Dublin
Schottland-FLBB 55 - 78
Irland - Schottland 72 - 56
Irland - FLBB 33 - 78
Tabelle:
1. FLBB U16 Jungen
2. Irland
3. Schottland
News > Divers
Premier match des Finales Dames
01/05/05 18.12
Premier match des Finales Dames
AB Contern – Musel Pikes 73 : 61 Le deuxième match sera joué à 17h00, jeudi le 05 mai à Remich.
News > Divers
Premier Match des Finales Hommes
01/05/05 16.42
Premier Match des Finales Hommes
Sparta Bertrange – Etzella Ettelbruck 63 : 56 Le deuxième match sera joué à 20h00, mercredi 04 mai à Ettelbruck.
News > Commission technique
Désignations des commissaires neutres 10
29/04/05 11.25
Désignations des commissaires neutres pour la période du 30 avril au 13 mai 2005
News > Divers
Finales du Championnat
28/04/05 16.25
Finales du Championnat
DBBL - Dames: Finales Contern - Musel-Pikes - dimanche, 01 mai 2005 16.30 à Contern Musel-Pikes - Contern - jeudi, 05 mai 2005 17.00 à Remich Musel-Pikes - Contern - dimanche, 08 mai 2005 17.00 à Remich* DBBL - Hommes: Finales Sparta - Etzella - samadi, 30 avril 2005 20:00 à Walferdange Etzella - Sparta - mercredi, 04 mai 2005 20:00 à Ettelbruck Etzella - Sparta - samedi, 07 mai 2005 20:00 à Ettelbruck* * si troisième match
News > Equipes nationales
FLBB/CFFB Schedule
26/04/05 05.56
News > Equipes nationales
CFBB/FLBB Schedule
24/04/05 14.05
Week 17,18 2005
News > Commission des arbitres
Convocation n° 35
22/04/05 23.53
F.L.B.B. - Commission des Arbitres (saison 2004/2005 - 35)
Programme pour la période du lundi 25 avril 2005 au vendredi 06 mai 2005